Template
Template Template
Template Sonntag, 5. September 2010 Template

Waat get et Neies?

Nächsten BnB Optrett as den 20.06.2010 zu Stengefort op der Scoutskiermes ab 16.00 Auer !

 

Memberen






Passwort vergessen?
Noch kein Benutzerkonto?
Registrieren

Ween surft grad hei?

Aktuell 11 Gäste online
 
Template
Ween sin Bnb?

Numm: Flëpp Wenger,

Baujoer '78

Beruff: Erzéiher an engem Foyer

Lieben ech:

-         en gudden Bassgroove

-         Mam Benny op Köln fueren

-         moies fréi eleng mam Auto fueren

-         wann d'Sonn schengt, an et ass kaal, mee drechen

-         Pizza bestellen, aus der Këscht iessen, mat vill Oilio Picante

-         duebelen Espresso

Nervt mech:

-         dass den Dag just 24 Stonnen huet

-         Poretten an Zellerie

-         onnetz Diskussiounen

-         onéierlech Leit an Granzerten

-         wann et net firun geet

-         dass et hei keng Wellen gin

  
 

Numm: Xavier Hornick alias ZAF

 Baujoer: 1977

Beruff: Economiste

Lieben ëch:

-         Sou zimlech alles wat Konscht as

-         meng Famill

-         Kaffi en masse

-         Fleesch

-         Benny and the bugs concerten

Nervt mech:

-         Vegetarescht Iessen

-         Den dëcke Kapp no den BnB concerten

 

Ps: En dëcke merci un Guns'n Roses, ouni déi meng musikalesch Karriere nie ugefaangen hätt

  
   

Numm: Montalto Paul

Gebuer: 9 Méint no der Produktioun op Basis vun engem  traditionnelle Rezept, um 01.10.1977

Beruf: Schowlmeeschter

Lieben ech:

- meng Féiss

- BNB

- Theater

- Fëschen

- Dech, den dat hei liest

Nervt mech:

- Geessekéiss

- Vegetaresch

- di nei Promillgrenz

- Déi , di daat hei net liesen 

  
   

Numm: Benny Bärenstark (alias Bernard Marc)

Gebuer:  Summer of 1975

Beruf:  Inspekter fir technesch Saachen (Kraanen....

Lieben ech:

- meng Kanner

- Leit die gären Lachen

- Gudd Frënn

- Beier

- Funny van Dannen

- Natiirlech Benny and the bugs

Nervt mech:

            - launesch Menschen

- Leit wie Bush

- Intoleranz an Onflexibiliteit

- Choux-fleur mat Eer an wäisser Zoss

  
   

Numm : Wolli Weber

Châssisnummer : 19730821XXX

Alter : duebelt sou al wéi virun 17 Joer

 

Beruff : assistant social, Kannermeedchen, animateur, Infirmier, asw,asf...

          kuerz gesoot : Schoulmeeschter

 

Waat ech gäer hunn: mäi Bouf de Charel

- meng Frendinn d'Anik

- mäin Hond d'Zilly

- mäi Béier de Battin

- mäin Iessen d'Vegetaresch (doranner ënnerscheeden ech mech

- ganz däitlech vum Rescht vun der Band...)

- mäin Auto de Saab

- meng Instrumenter d'Guitaren

- meng Band Benny and the Bugs

- Concert'en mat BnB

- an all meng Kollegen a Frënn déi mech nach ëmmer leiden kënnen
              obwuel se mech scho sou laang kennen

Waat ech guer net ka leiden: Kaffi deen no Hieselnëss schmaacht...

- Fleesch a Fësch

- däitsch "Sommerhits"

- amerikaneschen Béier

- Leit déi mengen den George Dabbeliu Bush hätt sou vill Guddes
              gemaach

- Leit déi sech zevill eescht huelen

- Leit déi mech zevill eescht huelen...

- Jiddereen deen net versteet dass et just e flotten Dag gett wann een               mech  mueres granze léisst...

 

 

Merci un :

- Iech all

- BnB

- T42

- Eiser Häer fir di herrlech Erfindung vun der Guitar

- den Här Battin (???)

- Modern Talking (si hu mer gewisen waat ech net wollt maachen)

- All déi di mengen se hätten et verdingt an déi ech hei vergiess hun

  
   

Numm: Philippe Demart

Alter: 23 (1983 gebuer)

Beruff: Schoulmeeschter

Hun ech gaer:

- Musik maachen a lauschteren,

- Reesen

- Mier

- Schnéi

- Samstes moies op der Terrasse Metschen iessen

- Een heppe goen no engem gudde Concert

- All dei dei mech frou maachen: Frenn, Famill, Benny & the Bugs

Hun ech net gaer:

 

- Esseg, Moschter, Gromperenzalot mat Wirschtecher

- Wann et de ganzen Dag net hell get

- Eleng sin

- Italienesch Pop-musik

- Granzesch Verkeefer

- Bretzerten, dei nemmen vu sech schwetze kennen

  
   

Numm: Bruno Winter

Alter: 49a

Beruf:  Zich tesselen op der Eisebunn

Wat ech gären hunn:

 

- meng zwee Kanner

- Benny and the Bugs

- bei de Scoute sinn

- d'Loreena Mc Kennitt

- meng Kaatz

- Geschicht

- kachen an iessen

Wat ech net gären hunn:

- d'Fréischicht

- Kompott a Räis

- em de Bräi schwätzen

- d'Moudewelt

- Reklammen op der Tele

- di meescht Politiker

 

Sou dat wär et!

Vaya con Dios!!!!!

  
   

numm : polka-claus

alter : 23

42 am schong

roll bei batb : panz-piano an un de knepperscher dreien

beruff : regisseur de diffusion beim holaenneschen hausfraaefernsee

Wat ech gaer hun :

- alles waat d’boma lisa kacht

- frenndinn

- frenn

- famill

- mai petterschen

- main neien accordeon an deng mamm heier (net onbedengt an daer
              reiefollesch)

wat ech net gaer hun :

 

- leit di fuddelen

- leit di d'onwourecht soon

- romaenesch concerts-pianisten

- leit di intollerant gein iwwert aanre leit hierer kultur sin

- d'hollaenner

- englech clavieren mat deenen ee ken accenten a punkte kann op seng
              buschtoowe maan

 

sou mengen domadder waer alles gesoot

god loves you and so do I

 

rockon

de one-ball-polka-claus

  
  
  
  
  
 
weiter >
Template
Template Template Template
 

Neitsden Biller

Newsletter

Newsletter






Template Template